Am 25. Juni 2022 fand während unserer jährlichen Hauptversammlung im Beisein von zirka 80 Mitgliedern unseres Fanclubs eine Schecküberreichung von 5.000€ an die Fondation Pro Familia aus Düdelingen statt.

Don 1 Don 2

Aweiung haut de Mëtteg vun der inklusiver Spillplaz am Institut St. Joseph zu Betzder an dat a Präsenz vun der Madame Familljeministesch.Am Kader vun onsem 30. Veräins Jubiläum hunn mer och mat engem bescheidene Beitrag (der Uschafung vum Trampolin) zu dëser Realisatioun bäigedroen .


Bayern Frenn Letzebuerg´86 haaten 12 Kanner maat 2 Responsabelen aus den Staatleschen Kannerheemer vun Diddeleng an Scheffleng GRATIS (Ticket, Hotel an Bus) op den Champions League Match FC Bayern géint den FC Rostov zu München an der Allianz Arena invitéiert.


Gudden Zweck

Diddeleng. Am Verainslokal dem Café an der Griet hunn dëser Deeg d'Bayern Frënn Lëtzebuerg’86
traditionell nees 2 Schecken an Héicht vu 4000€ fir de gudden Zweck iwwerreecht.
Nodeems de Veräin am Joer 2016 säin 30. Jubiläum gefeiert huet an zu dësem Ulass schonns 30.000€

un verschidde karikativ Organisatioune gespent haten, konnten di Verains Verantwortlech ëm hire
President Leo Stumpf a Sekretär Patrick Kerschen als definitiven Ofschloss vum Jubiläum, 2 weider
Vereenegunge mat enger klenger Ënnerstëtzung glécklech maachen. Den éischte Scheck vun 2000€ goung
un d'Fondatioun "Wonschstär", Scheck deen duerch déi Damme Morena Puntel a Viviane Vermeer entgéint
geholl gouf. Den zweeten och mam Betrag vun 2000€ wuar fir d'FAL (Fondation Autisme Luxembourg) déi
duerch de Carlo Klein vertruede war. De BFL86 President Leo Stumpf huet bei der Geleeënheet d'Gäscht
begréisst an dunn a senger Usproch d'Aktivitéite vun de Bayern Frënn Lëtzebuerg erläutert.

Duerno hunn di 2 Fondatiounen sech kuerz presentéiert, Ier d'Schecken iwwerreecht goufen. Bei enger klenger Agape huet dëse Feier säin Ofschloss fonnt.

Bayern Frenn Lëtzebuerg'86: 15.291€ fir de gudden Zweck

GEMEINDELEBEN - KINDER - FEIERN, JUBILÄEN UND KONVENIATE - FUSSBALL

Diddeleng.
Am Virfeld vum 30. Gebuertsdag vum Fanclub "Bayern Frenn Lëtzebuerg'86" haten di Verantwortlech ëm de Leo Stumpf an de Patrick Kerschen decidéiert fir verschiddenen karikative Vereenegunge am Land mat Material Leeschtunge substantiell ze ënnerstëtzen an dat an enger gesamt Héicht vun 30.000€. An de leschten Deeg goufen dann elo déi éischt 4 Don'en Iwwerrescht an enger Héicht vun 15.291€. De "Service Kinesitherapie" vum Diddelenger CHEM krut 6 "Rollatore" an eng elektresch "Hebevorrichtung" an engem Wert vun 4.441€. D'staatlech Kannerheemer vun Diddeleng kruten mat elektroneschen Geräter wei PS4 , TV etc fir 3.000€ ënnert d'Äerm gegraff. D'ATP asbl vu Kielen krut eng Highttech Kichemachin fir hiren Atelier am Wäert vun 4.450€ , an d'Alan asbl vu Käerjeng krut en elektreschen Relax fir 3.400€.


Et sief erennert dass de Fanclub "Bayern Frënn Lëtzebuerg'86 den 29. Mee 1986 zu Diddeleng am « Café an der Griet » vun 7 Bayern Fans gegrënnt gouf. Den éischte Comité vum Veräin huet sech zesumme gesat aus dem Fränk Mücke (President an Sekretär), Patrick Kerschen (1.Vize-President), Sosthène Schneider (2.Vize-President), Marc Peffer (Keessier), souwéi den Membere Yasmine Albonetti, Marc Daxhelet an Nadine Peffer. D’ Bayern Frënn Lëtzebuerg'86 sinn de Moment den eelsten a mat sengen iwwert 900 Memberen ebenfalls de gréisste « FCB-Fanclub » zu Lëtzebuerg. Niewent enger Broschür am A5 Format , gëtt den 4.Juni en internationaalt Fussballturnéier mat in- an auslänneschen Fanclube organiséiert, dat zu Diddeleng um Stade Amadéo Barozzi (rue Gare-Usines, L-3481 Dudelange).


Den Organisatiounscomité steet ënnert dem Virsetz vum Patrick Kerschen. Weider Memberen an dësem Comité sinn: Cyril Schlüter (Sekretär), Marianne Belleville, Claude Ernst (Keessier) , Fränz Kettern, Fernand Bartemes, Léon Stumpf, Marc Gatti, Bernard Lang, Jos Mangen, Eugène Oberweis, Victor Offermann, Carole Goelff, Carine Thiltgen, Paul Thiltgen, Marcel Thoma an Gerhard Carls.