Generalversammlung vum 29.06.2019

Eng ronn 110 Membere ënnert hinnen de Schëffe vun Diddeleng Claudia DALL‘Agnol konnt de President Léo Stumpf op der 33. Generalversammlung um Samschdeg Nomëtteg am Diddelenger Centre Hild begréissen.


D’Memberszuel fir Saison 18/19 war 895 a bedeit, dass d'Bayern Frënn Lëtzebuerg'86 domadder weiderhin den eelsten a gréisste Bayern Fanclub zu Lëtzebuerg sinn.


De FCB huet de Moment iwwert 291.000 Memberen a 4.433 Fanclub an 103 Länner déi och 350.920 Memberen zielen.


An der vergaangener Saison goufen 11 Reese mam Bus- a Flugreesen organiséiert anwärend der leschter Saison goufen insgesamt 730 Entréesbilljee un d’Membere vermëttelt.


Och gouf d’Solidaritéit grouss geschriwwe bei de Supporteren vum FCB, sou kruten 4 Vereenegungen « Fondation PRO FAMILIA Diddeleng » « Wonschkutsch asbl Lintgen » « KannerWonsch asbl Bertrange » an den « Déierenasyl Diddeleng » jeeweils e Scheck vun 2500,00 EUR, also insgesamt 10.000€. Déi 4 Schecken goufen an éiser GV iwwerréscht.


Mat enger defteger Agape an engem sëffege Waissbéier huet d'Versammlung säin Ofschloss fonnt.


GV GV GV